Category: Info

ALEP Comité 2022-2023

D’ALEP huet een neie Comité! Den 22ten Oktober huet déi jäerlech Assemblée Générale ordinaire vun der ALEP nees an de Gebailechkeete vun der  Uni um Belval stattfonnt. Nodeems dat vergaangent Joer mat de Rapport’en vu Presidentin, Sekretärin a Tresorier Revue passéiere gelooss gi war, ass d’Decharge vum alen an uschléissend d’Wiel vum neie Comité gemach gi …

Continue reading

D’Studentefoire 2022

Och dëst Joer wäert d‘ALEP erëm mat engem Stand op der Studentefoire vertruede sinn, déi dëst Joer um Campus Belval am Maison des Arts et Etudiants («Golden Cube») stattfanne wäert. Wann dir interesséiert sidd vu Studenten a Studentinnen déi grad Psycho studéieren, méi iwwert de Studium ze héieren, kommt gären de 27. an 28. Oktober vun …

Continue reading

ALEP Visitt: Praxis fir Psychech Gesondheet

D’ALEP invitéiert all ALEP Memberen op d’Visitt am PPG – d’Praxis fir psychesch Gesondheet ze Ettelbréck vum 16. Juli ab 16 Auer. D’Visitt ass geplangt a Presenz stattzefannen an d’Participantszuel ass op 15 limitéiert – maacht iech also séier bäi! Hei krit dir déi eemoleg Méiglechkeet mat erfuere selbstännege BeroderInne a TherapeutInne ze schwätzen a …

Continue reading

SIP Speaker 4: Pascal Recchia

Last but not least erzielt eis de Pascal Recchia eppes iwwert säin Alldag bei der POST, bei der en säit 2009 als Aarbechtspsycholog täteg ass. Ze sengen Aufgabe gehéiert et Interventiounen duerchféieren a professionell a vertraulech Hëllef ubidden ze kennen, mam Zil, psychosozial Risike präventiv virzebeien, psychesch Gesondheet ze erhalen an d’Aarbechtsbedingungen vun de Mataarbechter …

Continue reading

SIP 2022 – Speaker 1: Dr. André Melzer

De Freiden ass et sou wäit : eis Soirée d‘Information steet virun der Dier. Dofir wëlle mir iech no an no eis Speakeren a Form vu Fact Sheets kuerz virstellen. Haut geet et lass mam Dr. André Melzer, deen eis de Freiden um 19h25 kuerz eppes zur University of Luxembourg erzielt an den Opbau vum …

Continue reading

Soirée d’Information sur la Psychologie 2022 – Programme detaillée

Hei de detailléierte Programm vun der Soirée. Am Laf vun der nächster Woch wäerte mir eis Speakeren och nach eng kéier a Form vu kuerze Steckbréiwer virstellen. Sieft gespaant!