Category: Uncategorized

Schéi Feierdeeg!

D’ALEP hofft dat dir schéi Chrëschtdeeg hat a wënscht iech weiderhin ee gudde Rutsch an dat neit Joer!    

ALEP sicht Comitésmemberen!

Mir sichen dech! Léif Memberen, Mir sichen den Ament nei motivéiert Comitésmemberen (m/w/d) déi eis bei eisen Aktivitéiten ënnerstëtzen. Dëst gëtt Iech d’Méiglechkeet Iech selwer an Är Iddien aktiv an der ALEP – Association Luxembourgeoise des Etudiants en Psychologie anzebrengen an eis Veräin ze ënnerstëzen. Verschidde Posten sinn am Moment op fir déi Dir Iech …

Continue reading

De Studentebal

Och wann d’ALEP dëst Joer net beim Studentebal vun der ACEL vertrueden ass, wënsche mir alleguerten ee flotten Owend! –> don’t miss the date: Dëse Fréiden op der Wiss nieft dem P+R Bouillon!

SIP 2022 – Tombola

Och des d’Joer huet eis de Springer Verlag mat flotte Psycho-Bicher verwinnt, déi dir op der Soirée gewanne kennt! Et wäert sou oflafen, dat jiddereen een Tombola Lous am Ufank vun der Soirée krit, an um Schluss 3 glécklech Gewënner gezu wäerte ginn, déi sech ee vun de Bicher aussiche kennen.

SIP Speaker 3: Xavier Krein

Och een interessante klinesche Beräich an der Psycho ass d’Aarbecht mat Jugendlechen déi Strofdote begaangen hunn a dunn vum Gericht an de CSEE placéiert ginn. D’CSEE ass wéi den Numm scho seet eng sozialpedagogescht Zentrum, bei dem d’Zil ass, Jugendlecher erëm op ee riichte Wee ze bréngen an an een net-delinquenten Alldag ze reintegréieren. Wann …

Continue reading

SIP Speaker 2: Catherine Richard

No der Virstellung vum Bachelor op der Uni.lu erzielt eis eisen zweete Speaker, d’Catherine Richard, eppes iwwert hir Aarbecht als selbststänneg Psychotherapeutin am Centre de Psychothérapie Bereldange vun dem si Grënnerin (2020) a Geschäftsféierin ass. Nodeems si hire Bachelor 2010 op der Uni.lu ofgeschloss hott (mat engem kuerzen Erasmus ze Berlin), huet si weider de …

Continue reading