Psycho meets Rhein-Main – Party am CHOCO

13428618_1289263627768997_9085042991634638388_n

Dir frot iech wéi der lo den Weekend no Nationalfeierdag éierbar feiere kennt?
Am CHOCO natierlech!

D’ALEP an den LSRM organiséieren dese Samschdeg den 25. Juni hir alleréischt Soirée zesummen an freeën sech schonn iech all do erëmzegesinn oder kennenzeléieren. Fräi Entrée fir jiddereen!
Bei engem leckeren Placebo-Cocktail oder dem süß-sauren Big Apple-Shot kennt der em 21:00 d’EM-Aachtelsfinall kucke kommen an dono ënner Kollegen an de Sonden erafeieren. Nach emol Vollgas ginn iert den Eescht vum Studenteliewen erëm weidergeet!
Facebook-Event: https://www.facebook.com/events/1031795940240804/

See you on 25th!

Mat deene beschte Gréiss
ALEP & LSRM