3. Speaker SIP: Marc Stein

Och een interessante Beräich iwwert deen eis de Marc Stein erziele wäert ass de Service Psychologique vun der Police Grand-Ducale bei dem e Chef ass. Seng Aarbecht besteet aus: Psychologescher Beuerteelung beim Astelle vun neie Polizist*innen; psy. Grond- a Weiderbildung vum Personal an de Beräicher Konfliktbewältegung, Kommunikatioun mat de Bierger*innen, Hëllefe vun Opfer, Personalféierung, etc.; psy. Betreiung vum Personal am Bezuch berufflecher, perséinlecher a familiär Problemer oder och no potenziellen Tëschefäll (traumatesch Erliefnisser: schwéier Accidenter, Katastrophe, Geiselname, Schosswiessel etc.); Ënnerstëtzung vun der Police bei besonneschen oder groussen Evenementer; psy. Expertise (Gutachten) bei Ermëttlungen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Wann s du Loscht krit hues méi ze erfueren, dierfs du eisen 3. Speaker net verpassen!

De Marc huet säi Studium 1995 ze Bréissel absolvéiert (Master an der psychologie clinique et du travail) a huet och eng Formatioun zur thérapie brève ericksonienne a Formation de base en EMDR gemaach. Niewent senger Aarbecht als Policepsycholog, ass en och säit Jore President bei der SLP asbl (Société luxembourgeois des psychologues), eng fräiwëlleg Ekipp u Leit déi sech fir d Rechter vu Psycholog*innen ze Lëtzebuerg asetzt, mee och Evenementer organiséiert fir iwwer mentalen Erkrankungen ze sensibiliséiere bzw. seng Memberen au Courant hält wei et em der Psycho ze Lëtzebuerg an ze Europa steet (EFPA).