D’ALEP

ALEP – Association Luxembourgeoise des Etudiants en Psychologie

  • Wat ass d’ALEP?

D’ALEP („Association Luxembourgeoise des Étudiants en Psychologie“) gouf 1998 an d’Liewe geruff, a representéiert, wéi de Numm et schonn seet, d’Psychologiestudente vu Lëtzebuerg. D’ALEP ass deemno eng fachspezifesch Studentenassociatioun, där hir Memberen op verschiddenen Universitéiten Psychologie studéieren. D’ALEP ass e Member vun der ACEL („Association des Cercles d’Etudiants Luxembourgeois“), dem Daachverband vun de lëtzebuerger Studentencercelen, deen och déi sëlleche lëtzebuerger Studentencercelen an de verschiddene Studentestied an nach aner national Studentenassociatiounen (z.B. fir d’Fächer Medezin, Ingenieur, Droit a Sciences Economiques et Commerciales) representéiert.

  • Wat mëcht d’ALEP?

D’ALEP këmmert sech em verschidden Aufgaben, mat dem Haaptzil fir d‘Schüler an d‘Studenten eng primär Ulafstell bei Froen an Informatiounsversammlungen ze sinn. An dem Kontext organiséiert d‘ALEP e puer Evenementer am Joer; dëst sinn ënner anerem eng „Soirée d’Information sur la Psychologie“ a pro Semester zwou bis dräi Visitte vu psychologeschen Institutiounen. Een Haaptzil ass et op esou Evenementer de Kontakt tëschent de Studente vum Studiefach Psychologie, zukünfteg Studenten a beruffstätege Psychologen hierzestellen. Dofir probéiere Mir ee gudde Lien tëschent de Studenten an de professionelle Psychologen an hirem Beruffsverband, der SLP („Société Luxembourgeoise de Psychologie“), ze fleegen. D’ALEP ass och dobäi fir Schüler, déi sech fir d’Fach interesséieren, ze informéieren, an dat duerch Präsenz op Studieninfoe souwéi der „Foire de l’Etudiant“. D’ALEP representéiert och Lëtzebuerg bei der EFPSA („European Federation of Psychology Students’ Association“), dem Daachverband vun de Psychologiestudenten-Associatiounen an Europa. D’EFPSA bitt wëssenschaftlechen Austausch um europäeschen Niveau a niewebäi sti vill sozial a kulturell Aktivitéiten um Programm un deenen ALEP-Membere sech bedeelege kënnen.

  • Wat bitt d’ALEP de Psychologiestudenten?

Engem Psychologiestudent bitt d’Memberschaft bei der ALEP d’Méiglechkeet Leit kennen ze léieren, interessant Austauscher mat anere motivéierte Studenten an hiren Erfarungen ze maachen an Informatiounen iwwer Stagen an d‘Beruffswelt ze kréien. Duerch eis Kontakter mat der ACEL, der EFPSA, Psychologen, an der Uni.lu kréie mer vill News aus der Studenten- a Psychoswelt, déi mer eise Membere weiderschécken. Ausserdeem probéiere mir mat Hëllef vum „Psycho-lo“, eiser Zeitung, ëmmer nei interessant Themen ze bréngen an eise Memberen en breede Spektrum un Informatiounen aus allen psychologesche Beräicher ze bidden.

Als Psychologiestudent/in kanns du Member bei der ALEP ginn! Studéiers du Psychologie an hues Loscht dech ze engagéieren oder ze informéieren? Da mell dech! Den ALEP-Comité sicht och zousätzlech all Joer nei motivéiert Leit, fir nei Projeten an nei Iddien eranzebréngen. Also schwätz eis drop un oder schreif eis eng Mail, wanns de dës flott Erfarung wëlls maachen!

  • E Lien tëschent Psychologen a Psychologiestudenten?

Wann Dir als (zukünftegen) Psycholog bereet sidd Psychologiestudenten an de Stage ze huelen an/oder hinnen d’Méiglechkeet ginn äre Service kennen ze léieren, da kënnt Dir Iech gär un eis wenden. Ziel soll sinn, Studente beschtméiglechst ob e spéidert Beruffsliewe virzebereeden an hinnen ze hëllefen hire Schwéierpunkt ze fannen. Mir maachen och gär Reklamm fir Konferenzen, Tables rondes, Formatiounen, asw.

  • Schüler kuerz virum Studium op der Sich no Informatiounen?

Fir Schüler, déi sech fir d’Fach interesséieren, komme bei der ALEP vill Informatiounen zesummen, déi weiderhëllefe fir säi Studium ze plangen. Psychologiestudente kënnen Iech hier Erfarunge weiderginn, déi iwwer offiziell Informatiounen erausginn. D’ganz Joer iwwer kënnt Dir eis Froen op eis E-Mails-Adress  eraschécken oder awer Kontakt mat eis iwwert eis Facebooksäit oder eisen Website www.alep.lu ophuelen oder weider Informatiounen kréien. Mir hunn ausserdeem eng Facebookgrupp, an der der iech mat anere Memberen, Psychologiestudenten an och beruffstätege Psychologen austausche kënnt.

Direkt a Kontakt trieden ass ënner anerem méiglech op der „Soirée d’Information sur la Psychologie“ déi all Joer stattfënnt, op der „Foire de l’Etudiant“, op der „Porte ouverte“ vun der Uni Lëtzebuerg, wou mer ee Stand hunn oder awer op enger vun den sëllechen Informatiounsveranstaltungen uechtert Land.

 

De Comité 2023-2024

Kim Vasiljevic -Presidentin, Webmaster, Social Media a Institutionsvisitten- 1ière technique générale, LNW (Wiltz) Bachelor – Université du Luxembourg Auslandssemester: UQTR, Québéc Master – Université du Luxembourg, 2. Joer E-Mail Adress :    Samantha Hellenbrand -Vice-Présidente a EFPSA MR // temporairement Schoulvisitten – GED/ Éducateur Formatioun, LTPES (Mersch) Bachelor – Université du Luxembourg, 2. Joer E-Mail …

E klengen geschichtlechen Réckbléck

Un petit aperçu historique (1998 – 2007) L’année 1998 marque la naissance de l’ALEP (Association Luxembourgeoise de Étudiants en Psychologie) à l’initiative de trois étudiants luxembourgeois en psychologie: Vincent Koenig, Lucien Kurtisi et Bob Reuter. L’association constituée se destine initialement au renforcement des liens entre étudiants luxembourgeois en psychologie, à la promotion des échanges entre étudiants …

Postenbeschreiwungen

    ! Wat fir all unfällt !  

SLP – Société Luxembourgeoise de Psychologie a.s.b.l.

D’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (SLP) ass déi representativst Associatioun vun den diploméierte Psychologen an Psycholog-Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg. Se zielt méi wéi 300 aktiv an assoziéiert Memberen, an as säit 2001 offiziele Member vun der Federatioun vun den europäeschen Psychologenverbänn (European Federation of Psychologists›   Association-EFPA). Fir eis als Psychologiestudenten ass et an villen Hinsichten wichteg, …

Code Déontologique vun der SLP

LU – D’Association Luxembourgeoise des Etudiants en Psychologie (ALEP) huet sech ënner anerem als Ziel gesat, den «Code Déontologique» vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (Société Luxembourgeoise de la Psychologie – SLP) ënnert sengen Memberen bekannt ze maachen an dofir ze suergen, dat dësen respektéiert gëtt. An deem Kontext bitt d’ALEP sengen Memberen Bäistand an Ënnerstëtzung un. Eng Memberschaft an …

EFPSA – European Federation of Psychology Students› Association

Be part of an international exchange, attend a European Summer School or learn from psychology students in different European countries what keeps them busy by attending a fantastic psychology student congress! ALEP is part of the European Federation of Psychology Students’ Associations (EFPSA) and as a member of ALEP you are able to take part …

Statuten

Statuts de l’Association Luxembourgeoise des Etudiants en Psychologie Approuvés par l’Assemblée générale extraordinaire du 30 avril 2011 et modifiés par les Assemblées générales extraordinaires du 19 décembre 2015, du 2 décembre 2017 et du 7 juillet 2018.   Chapitre I – Dénomination, siège, objet, durée Art. 1er. L’association est dénommée ´ASSOCIATION LUXEMBOURGEOISE DES ETUDIANTS EN …

Impressum

ALEP a.s.b.l. – Association Luxembourgeoise des Etudiants en Psychologie Postadress 11, Porte des Sciences L-4366 Esch-sur–Alzette E-Mail Comptes bancaires CCP: IBAN LU74 1111 1553 9497 0000 BGL BNP Paribas: IBAN LU28 0030 4128 3941 0000 N° RCSL: F8728