Return to D’ALEP

SLP – Société Luxembourgeoise de Psychologie a.s.b.l.

D’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (SLP) ass déi representativst Associatioun vun den diploméierte Psychologen an Psycholog-Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg. Se zielt méi wéi 300 aktiv an assoziéiert Memberen, an as säit 2001 offiziele Member vun der Federatioun vun den europäeschen Psychologenverbänn (European Federation of Psychologists›   Association-EFPA).

Fir eis als Psychologiestudenten ass et an villen Hinsichten wichteg, mat beruffstätegen Psychologen an Kontakt ze stoën, sief et wann mer en Stage wëllen maachen, wann mer praktesch Informatiounen an Rotschléi brauchen, asw. Vu que dat mir d’Zukunft vum Beruff an potenziell spéider Beruffskollegen duerstellen ass et awer och fir fäerdeg ausgebilten Psychologen wichteg, den Kontakt mat eis Studenten net ze verléieren. Aus deem Grond, steet d’ALEP an reegelméissegem Kontakt mat der SLP. Aktuell ass ee Member vum ALEP-Comité fir d’Liaisoun mat der SLP zoustänneg.

D’SLP an d’ALEP schaffen regelméisseg zesummen. Ee Beispill heifir ass d›Soirée d’Information sur la Psychologie, eng Informatiounsveranstaltung fir Lycées-Schüler an Studenten, wou beruffstäteg Psychologen hier Beruffsfelder virstellen.

Um Site vun der SLP ass och den  Annuaire vun de Psychologen a vun den Psychotherapeuten ze fannen. D’SLP garantéiert dat all do agedroenen Member iwwer déi néideg akademesch Ausbildung verfügt an sech verpflicht huet, den SLP Ethik Code ze respektéieren.

Link : SLP Homepage
Link : 
SLP Annuaire

Bei Froën iwwert d’SLP:
E-Mail-Adress :