Publikatiounen

Ënnert dëser Rubrik fannt der Informatiounen zu eisen zwou Publikatiounen, eiser Zäitschrëft „De Psycho-lo!“ déi mer zweemol d’Joer erausbréngen an eiser Informatiounsbroschür „Psychologie studéieren – Wat muss ech wëssen?“ déi sech un zukünfteg Psychologiestudente riicht. D’Informatiounsbroschür kënnt der hei och online duerchbliederen.

Ausserdeem fannt der hei och e PDF vum „Guide des structures psychiatriques“, eng Informatiounsbroschür vum Gesondheetsministère, déi en schnellen a gutt resuméierten Iwwerbléck iwwert d’psychiatresch Ariichtungen zu Lëtzebuerg gëtt.

De Psycho-lo

„De Psycho-lo“ heescht eis Zäitschrëft, déi mer all Joer zweemol un eis Membere verschécken an déi Artikelen iwwert eis Aktivitéiten, Aktualitéiten aus der Welt vun der Psychologie an awer och kleng Fachartikele vun eise Memberen enthält. Wann dir während ärem Studium interessant Aarbechte geschriwwen hut an déi gäre mat aneren interesséierte Psychologiestudenten deelt, oder awer spéiderhin an d’Fuerschung goen  an …

Psychologie studéieren – Wat muss ech wëssen?

Eis Infobroschür „Psychologie studéieren – Wat muss ech wëssen“ riicht sech un zukünfteg Psychologiestudenten an enthält e sëllechen Informatioune souwuel zum Opbau vum Studium vun der Psychologie am Allgemengen, wéi och zu de Spezifizitéite vum Studium a verschiddene Länner. D’Broschür verdeele mer all Joer gratis op der Foire de l’Etudiant an op de verschiddenen Informatiounsveranstaltungen an de Lycéeën, wou mer mat engem …

Guide des structures psychiatriques

-> Hei klicken fir den Guide des structures psychiatriques!