Congreece 2024

Vum 22.-28. Abrell 2024 huet eisen Member Representative Samantha um 38ten Kongress vun der EFPSA (Vereenegung vun europäesche Psycho-StudentInne) deelgehol. 🇱🇺

Op desem Kongress an Volos 🇬🇷 huet hat divers Anbléck zum Thema “Exploring your emotions through the lens of multiple psychological paths” 👁️‍🗨️ kritt. Dozou gehéierten eng ganz Réi Virliesungen, Workshops an Trainingen (z.B. Trauma, CBT, Visualisatiounen, aktuell Studien)
Zudem huet hat d’internationaalt Netzwierk ze anere Psycho-Vereenegungen ausgebaut 🌐.

⁉️Falls dir Froen zur EFPSA – European Federation of Psychology Students’ Associations respektiv eiser Funktioun ënnerhalb der EFPSA hutt, zeckt net eis ze schreiwen! ✍