Assemblée Générale Ordinaire 2020 – d’ALEP huet en neie Comité!

De 17ten Oktober huet déi jäerlech Assemblée Générale ordinaire vun der ALEP nees an de Gebailechkeete vun der Uni um Belval stattfonnt, dësst Joer natierlech ënner Anhalung vun de Covid-19-Mesuren. Nodeems dat vergaangent Joer mat de Rapport’en vu Presidentin an Tresorière Revue passéiere gelooss gi war, huet eis scheedend Presidentin, d´Simone Wagener, e klengen Ausbléck op dat neit Joer ginn ier et dunn em d’Decharge vum alen an uschléissend em d’Wiel vum neie Comité gaangen ass.

Mir freeën eis, iech heimat de Comité 2020/2021 vun der ALEP ze presentéieren:

Isabelle Moris: Presidentin
Ines Broeckel: Trésorière an EFPSA – Vize Member Representative
Robine Mediavilla: Vizepresidentin & Sekretärin
Lena Ewen: Chef-Redactrice „De Psycho-lo“
Hanna Jager: Member Representative bei der EFPSA
Thierry Aumer: Projektmanager «Lëtz Mind»
Mandy Marques: Eventmanager a Responsabel „Lëtz Mind“
Laura Schumacher: Eventmanager a Responsabel „Lëtz Mind“
Kim Vasiljevic: Eventmanager
Tony Wernecke: Responsabel Social Media

Louis Thill: Responsabel Social MediaDe Bob Reuter an de Joé Miller goufen iwwerdeems fir d’Generalversammlung 2021 als Keesereviseure gewielt.

No der AG huet de neie Comité den Dag dunn bei engem gemitterleche Patt am Urban um Belval ausklénge gelooss.