Speak up and let’s talk, Meet LëtzMind:
E Projet deen 2021 vun der ALEP gegrënnt an elo vun zwee engagéierte Psychostudentinnen iwwerholl gouf.
Zil vun eis ass et Lycéeë Schüler a Schülerinnen zu Lëtzebuerg méi opmierksam op dat Theema Mental Gesondheet ze maachen. Leider gëtt et nach ee Stigma ronderëm dat Thema, wat mir brieche wëllen, andeems mir Klasse besichen an do iwwert Theeme wéi Angschtzoustänn, Depressiounen oder Suchtverhalen opklären an de Schüler a Schülerinnen de Message matginn, dass kee Problem net wichteg genuch ass a fir se ze encouragéiere, méi oppe mam Theema Mental Gesondheet ëmzegoen!
An eisem Workshop schwätze mir mat Schüler a Schülerinnen iwwer Theeme ronderëm d‘mental Gesondheet. Dobäi kann am Viraus tëscht den Theemen Depressioun, Angschtstéierungen, Iessstéierungen, Suchterkrankungen a Schlofstéierunge gewielt ginn, op déi mir da méi genau aginn.
Et geet awer och dorëms, doriwwer ze schwätzen, wat iwwerhaapt dozou féiert, dass mir psychesch krank ginn a wéi ee preventiv eppes maache kann, fir sech dogéint ze schützen (souwäit et méiglech ass). Bei eisem Workshop kréie mir och reegelméisseg Ënnerstëtzung vum @kannerjugendtelefon , deen ee vun de wichtegsten Uspriechpartner fir déi Jonk ass 🤝🏼
Ee vun de wichtegste Message vun eis ass op jidde Fall, dass ee seng mental Gesondheet genau esou wichteg hëlt wéi seng physesch Gesondheet ❤️🩹
👉🏼 Du wëlls, dass mir och eemol an deng Klass kommen? Da soll däi/deng Enseignant/e eis einfach e Mail maachen op / /
👉🏼 Du bass Psycho Student/in, an interesseiert mat an d’Lycées ze kommen? Zéck net eis op den unzeschreiwen!