ALEP-Visitt : Kannerjugendtelefon

D’ALEP bidd sengen Memberen den 13. 12. 2021 um 16:00 Auer nees eng néi online Visitt un! Dëst Kéier beim Kannerjugendtelefon !

⚠️ D’Teilnahme ass ausschliisslech fir Membere vun der ALEP. Falls dir nach keen Member sollt sinn, dann kennt dir dat gären änneren an deems dir eng E-Mail un maacht.

⚠️ Falls dir deelhuelen wëllt, dann mëllt iech w.e.g. iwwer E-Mail beim un. D’Participantszuel ass op 30 limitéiert, dat heescht : first come, first served!

Bei weider Froe, schreift éis gäre per Mail op de oder iwwer éis Social Media Säiten.

Mir freeën eis op iech !
Ären ALEP-Comité

 

❓Wat genee ass den Kannerjugendtelefon ❓

Kanner, Jugendlecher an Eltere kennen dëse Berodungsdéngscht an Usproch huelen, wann se Froen oder Suergen hunn, bei deenen si d’Gefill hunn, mat kengem aneren doriwwer schwätze ze kennen. Dëst kann iwwer Telefon, mee och iwwer Chat erfollegen an ass vollstänneg anonym a gratis.

Weider Infoen ënner : https://www.kjt.lu/de/