LëtzMind

Speak up and let’s talk, Meet LëtzMind:

E Projet deen 2021 vun der ALEP gegrënnt a säit 2024 vun engagéierte Psychostudentinnen iwwerholl gouf.

Eist Zil ass et Lycéeës Schüler:innen zu Lëtzebuerg méi op d’Thema mental Gesondheet opmierksam ze maachen – ee Thema dat leider vill ze oft nach als Stigma behandelt gëtt. Dat probéiere mir ze briechen, andeems mir Klasse besichen fir iwwert Stéierungsbiller wéi Angschtzoustänn, Depressiounen oder Suchtverhalen opzeklären. Sou wëlle mir de Schüler:innen de Message matginn, dass kee Problem «net wichteg genuch ass» a fir se ze encouragéiere, méi oppe mam Theema mental Gesondheet ëmzegoen!

An eisem Workshop schwätze mir mat Schüler:innen iwwer Theeme ronderëm d‘mental Gesondheet. Dobäi kann am Viraus tëscht den Theemen Depressioun, Angschtstéierungen, Iessstéierungen, Suchterkrankungen a Schlofstéierunge gewielt ginn, an op déi mir da méi genau aginn.

Et geet awer och dorëms, doriwwer ze schwätzen, wat iwwerhaapt dozou féiert, dass mir psychesch krank ginn a wat ee preventiv maache kann, fir sech dogéint ze schützen (souwäit et méiglech ass). Bei eisem Workshop kréie mir och reegelméisseg Ënnerstëtzung vum KannerJugendTelefon , deen ee vun de wichtegsten Uspriechpartner fir déi Jonk ass.

Ee vun de wichtegste Message vun eis ass op jidde Fall, dass ee seng mental Gesondheet genau esou wichteg huele soll, wéi seng physesch Gesondheet ❤️‍

Du wëlls, dass mir och eemol an deng Klass kommen? Da soll däi/deng Enseignant/e eis einfach e Mail maachen op / /

Du bass Psycho Student/in, an interesseiert mat an d’Lycées ze kommen? Zéck net eis op den unzeschreiwen! Mir huelen dech dann eng keier mat, wou s du gesäis wei alles sou ofleeft.