Mir sichen dech!

✨ Mir sichen nei motivéiert Comitésmemberen, déi eis bei eisen Aktivitéiten ënnerstëtzen! Dëst ass deng Chance, dech aktiv an d’ALEP anzebréngen an eise Veräin mat dengem Know-How a Kreativitéit ze beräicheren.

 

 

Gesicht Poste sinn:

  • Sponsoring: Acquisitioun a Begleedung vu Sponsoren
  • Rédacteur Psycho-Lo: Layout an Artikelsammlung fir eis Zeitung
  • Schoulvisitten – Eventmanager: Organisatioun vu Lycées-Visiten a Studieninformatiounen
  • Eventmanager: Organisatioun vun eisen Eventer
  • LetzMind: Ausbau vu Lycées-Kooperatiounen a mental Gesondheets-Workshops

 

 

 

Iwwerdeems freeë mir eis ëmmer iwwer Cooptés déi eis bei Evenementer allgemeng ënnerstëtze kommen, wéi zum Beispill bei der Foire de l’Etudiant.

 

Bei Froen zu de Posten oder der Comitésaarbecht am Allgemengen, kënnt der eis gären ënnert kontaktéieren. Hei fannt dir och nach eng keier mei détailleiert Postenbeschreiwungen.