Soirée d’Information sur la Psychologie 2021

Du stees kuerz virum Ofschloss vun denger Lycées-Carrière a bass interesséiert, Psychologie studéieren ze goen ?

Du hues Froen iwwert Studium oder d’Beruffsaussiichte vun engem Psycholog?

Dann dierfs de der ALEP hir traditionell Soirée d’Information sur la Psychologie net verpassen, déi dëst Joer den 2. Abrell um Campus Belval vun der Uni Letzebuerg stattfanne wäert. Opgrond vun der aktueller Situatioun bidde mir d´Soirée natierlech och a Remote-Form un, och wéll un desser Veranstaltung nemmen 30 Gäscht deelhuelen dierwen – dei eischt sinn also fier!

Dee ganzen Owend iwwer stelle fäerdeg ausgebilte Psychologe souwuel den Opbau vum Bachelor an der Psychologie, wei och de Beruff vum Psycholog am allgemenge fir. Nom Event hues de dann d’Méiglechkeet, dech mat den Intervenanten an/oder mat eis als ALEP ze ënnerhalen, an all Froen iwwert de Studium ze stellen, déi der afalen.

D’Entrée ass gratis an du kanns natierlech och Kollegen oder d’Famill matbréngen.
Informatiounen iwwert den Programm, oder wat zum Beispill d’Spriecher ubelaangen, wäerten am Verlaf vun den nächsten Deeg bis Wochen op eisen Social-Media Plattformen, spriech Facebook an Instagram verëffentlecht an präsentéiert ginn.

WICHTEG : Leider kënnen dëst Joer just 30 Léit sur place un der Soirée d’Informatioun deelhuelen. Dowéinst ass et noutwenneg sech am Virfeld bei eis unzemellen. Schéck eis dofir einfach eng E-Mail iwwer oder een Message via Facebook.

Mir freeën eis op dech!
De Comité vun der ALEP

Link: https://www.facebook.com/events/2934360313551341/