ALEP-Visitt : Erzéiungs- a Familljeberodung

D’ALEP bidd sengen Memberen den 21. Oktober 2021 um 10:00 Auer eng weider online Visitt un! Dëst Kéier bei der Erzéiungs- a Familljeberodung !

⚠️ D’Teilnahme ass ausschliisslech fir Membere vun der ALEP. Wann dir nach keen Member sidd, dann kennt dir dat gären änneren an deems dir eng E-Mail un maacht.

⚠️ Falls dir deelhuelen wëllt, dann mëllt iech w.e.g. iwwer E-Mail beim un. D’Participantszuel ass op 30 limitéiert, dat heescht : first come, first served!

Bei weidere Froe, schreift éis gäre per Mail op de oder iwwer éis Social Media Säiten

(Facebook Event Link : https://www.facebook.com/events/568575307529778?ref=newsfeed )

Mir freeën eis op iech !
Ären ALEP-Comité

 

❓Wat genee ass d›Erzéiungs- a Familljeberodung

Des Ariichtung bitt Familljen, Kanner, Koppel, awer och Organisatiounen, sou wéi Institutioune Berodung un. Des ka vu psychologescher, awer och vu juristischer oder pedagogescher Zort sinn. Allerdéngs ginn och Coursen an Elteren-Kand-Gruppen ugebueden.

Weider Infoen fannt dir ënner : https://www.afp-solidarite-famille.lu/