Néi Comitésmemberen ginn gesicht !

Den 2. Oktober 2021 um 15:00 Auer fënnt erëm eis alljärlech Generalversammlung statt, wou ënnert anerem och e neie Comité wäert gewielt ginn.
An deem Kontext ginn och dëst Joer erëm motivéiert Leit gesicht, déi Loscht hunn, d’ALEP bei hiren wichtegen Aufgaben ze ënnerstëtzen.

D’Haaptaufgab vun der ALEP besteet doran, eng Kontaktstell fir Schüler*innen an Student*innen, mee awer och fir all aner Interessent*innen fir d’Psychologie-Studium unzebidden. Aus dësem Grond gi mir net nëmmen reegelméisseg an d’Lycéeën, mee sinn och op Events wéi der Studentefoire vertrueden.
Natierlech organiséieren mir och selwer Events wei z.B. eis järlech Soirée d’information sur la Psychologie. Des Weideren starten mir Projeten, wei den Letz Mind, bei dem et drëm geet, Schüler*innen iwwer d’mental Gesondheet opzeklären an ze sensibiliséieren.

Fir de neie Comité gi virun allem Leit fir déi folgend Poste gesicht:

  • een Sekretär / eng Sekretärin
  • en Tresorier / eng Tresorière
  • mind. een Event-Manager / eng Event-Managerin
    Als Event-Manager / Event-Managerin bass du dofir verantwortlech Events op d’Been ze stellen.  
  • mind. zwee Redakter / Redactricen fir de Psycho-Lo
    Als Redakter / Redaktrice bass du verantwortlech fir d’Erstellen an Rausbréngen vun eiser Zeitschreft, dem «Psycho-Lo».

Mir géifen eis natierlech och iwwer all Persoun freeën, déi motivéiert ass an eis ouni e festen Comitésposten ënnerstëtzt.
Wanns du Interessi oder nach eng Fro zu de Posten an dem Oflaf am Comité hues, dann mell dech gären per E-Mail bei eis oder schreif eis einfach op Facebook un.

Mat beschte Gréiss
Äre Comité