Mir sichen dech!

*Mir sichen dech!*

📣 D’ALEP sicht nei Comitésmembere fir dat kommend Joer 2023/2024! 📣

❗Du studéiers Psychologie op der Uni.lu an/oder bass ee/eng Lëtzebuerger Psycho-Student:in am Ausland?

❗Du wëlls dech fir dech an déi aner Student:innen asetzen?

❗Mell dech bei eis a fann dech zesumme mat aneren engagéierte Psychologiestudent:innen!

💡 Wat mir maachen?
Mir informéiere beispillsweis Lycéeschüler:innen iwwert de Psychostudium an hir Beruffsméiglechkeeten, mee halen och Workshops iwwert mental Krankheeten /Gesondheet zwecks Sensibiliséierung an de Lycéeën uechtert Land.

💡Mir organiséieren och Eventer fir eis Memberen en Lien mat der Psychologie, wéi z.B. Visitte bei beruffstätege Psycholog:innen. Duerch eisen enke Kontakt mat der SLP, hues du och eng weider Méiglechkeet dir Connections zur Aarbechtswelt ze sécheren an eventuell sou schonn een/eng zukünfteg Patron kennenzeléieren.

➡️Wann du motivéiert bass dech bei eis ze engagéieren, an du dech och ausserhalb vun dengem Studium mat Psychologie beschäftege wëlls, da bass du bei eis richteg.

➡️De 6. Oktober 2023 ab 18h fënnt eis alljärlech Generalversammlung um Campus Belval vun der Uni Lëtzebuerg statt, wou den neie Comité gewielt gëtt.

Wien gäre kandidéiere well, soll eis eng kuerz Lettre de motivation per E-mail un eraschécken. Bei Froen zu de Posten oder der Comitésaarbecht am Allgemengen, kënnt der eis gären ënnert der selwechter Adress kontaktéieren. An de folgenden Deeg wäerten och nach méi genee Infoen ze de Comitésposten op eisem Social Media folgen. 💪

Mir freeën eis op dech! 🧠