Assemblée Générale Ordinaire 2023

Léif Memberen, D’ALEP freet sech, iech op seng jäerlech Assemblée Générale Ordinaire ze invitéieren, déi dëst Joer de 6. Oktober um 18h an der Maison du Savoir um Campus Belval vun der Uni LëtzebuergSall 4.510 stattfanne wäert.
  • Den Ordre du jour vun der AG fannt dir hei
Wann der net selwer un der Generalversammlung deelhuele kënnt, hutt der d’Méiglechkeet, äert Stëmmrecht via Procuratioun op en aanere Member ze iwwerdroen. An deem Kontext hu mer iech hei ënnendrënner e Formular ugehaangen, deen der ausgefëllt an ënnerschriwwen, zesumme mat enger Fotokopie vun der Carte d’identité vun der Persoun, déi iech vertrëtt, entweder per E-mail schécke musst, oder awer den Dag vun der AG selwer beim Comité ofginn kënnt.
  • De Formular fir d’Procuratioun fannt der hei.
No der AG luede mer iech dann nach op e Pättchen an e Café um Belval an. De Café wäerte mer zesummen op der AG bestëmmen. Nei Comitésmemberen gesicht!
!! Fir de neie Comité gi virun allem Leit fir déi folgend Poste gesicht !!
  • Eventmanager fir Schoulvisitten
Mat de Lycéeen Kontakt halen wien vun eis zwecks Infoveranstaltungen iwwer de Psycho Studium an seng Beruffsméiglechkeeten an de jeeweilege Lycée geet (also: Emails schreiwen)
  • Webmaster a Responsabel fir Social Media
Geréieren vun der Website a vum Social Media (Beiträg iwwer eis Aktivitéite posten, Reklamm maachen, zur Diskussioun ureegen, Flyer erstellen
  • EFPSA VMR
Lëtzebuerg ënnerhalb der europäesche Federatioun vu PsychoStudentinne vertrieden; den MR bei Meetings vertrieden
  • Projet LetzMind
Workshops zwecks Sensibiliséierung mentaler Erkrankungen a Gesondheet a Lycéeën interaktiv virstellen a Froe beäntweren
  • mind. zwee Redakter / Redactricen fir de Psycho-Lo
Als Redakter / Redaktrice bass du verantwortlech fir d’Erstellen an Rausbréngen vun eiser Zeitschreft, dem «Psycho-Lo».Mir géifen eis natierlech och iwwer all Persoun freeën, déi motivéiert ass an eis ouni e festenComitésposten ënnerstëtzt. Wann Iech des Posten net zousoen, kennt dir natierlech och fir een aneren Poste kandidéieren. Dir fannt all Postenbeschreiwungen op eisem Social Media.Wien gären eng Kandidatur fir de neie Comité stellt, soll eis dës bis spéitstens de 03.10.2023 per E-mail eraschécken. Bei Froen zu de Posten oder der Comitésaarbecht am Allgemengen, kënnt der eis gären ënnert der selwechter Adress kontaktéieren.