Foire de l’étudiant 2021

Och dëst Joer ass d’ALEP wéi gewinnt bei der Foire de l’étudiant mat sengem Stand vertrueden.
Mir bidden Iech, sou wéi am leschten Joer, wärend dem 28. souwéi dem 29. Oktober d’Méiglechkeet un, online mat eis an d’Gespräch ze kommen. Eis Comitésmemberen huelen sech wärend deenen 2 Deeg Zäit, fir op är spezifesch Froen ze äntweren an niewenbei Erfarungswäerter auszetauschen.

Am Verglach zu leschtem Joer, fënnt dëst Joer, den 30. Oktober, am présentiel eng «Journée de rencontre» um Belval statt, wou mir natierlech och mat eisem Stand vertruede wäerten sënn. Dir kritt do vun 09h00 bis 16h30, d’Méiglechkeet face to face mat eis a Kontakt ze trieden.

Mir hoffen Iech op der Foire de l’étudiant souwéi op der Journée de rencontre zuelräich ze gesinn !