SIP Speaker 4: Pascal Recchia

Last but not least erzielt eis de Pascal Recchia eppes iwwert säin Alldag bei der POST, bei der en säit 2009 als Aarbechtspsycholog täteg ass. Ze sengen Aufgabe gehéiert et Interventiounen duerchféieren a professionell a vertraulech Hëllef ubidden ze kennen, mam Zil, psychosozial Risike präventiv virzebeien, psychesch Gesondheet ze erhalen an d’Aarbechtsbedingungen vun de Mataarbechter ze verbesseren.
En huet ee klineschen an aarbechtspsychologesche Master gemaach, jeeweils op der Université Paul Valéry-Montpellier an Université Vincennes-St Denis Paris 8.
Dëst war de leschte fact sheet fir desjärlech SIP, a mir hoffen dat eis Auswiel u Psychologen iech genau sou interesséiert wei eis!
Et sinn nach Platze frei, wann s du des d’Joer och dobäi si wëlls, mell dech gäre per oder social media (mat vollem Numm) bei eis un!