2. Speaker SIP: Catherine Richard

No der Virstellung vum Bachelor op der Uni.lu erzielt eis zweet Speaker, d’Catherine Richard, eppes iwwert hir Aarbecht als selbststänneg Psychotherapeutin am Centre de Psychothérapie Bereldange vun dem si Grënnerin (2020) a Geschäftsféierin ass.
Nodeems si hire Bachelor 2010 op der Uni.lu ofgeschloss hott (mat engem kuerzen Erasmus ze Berlin), huet Sie weider de Master en Psychologie clinique et de la santé ze Fribourg gemaach an dann d’Psychotherapeutenausbildung (mat Spezialiséierung kognitiv Verhalenstherapie) ze Treier. Dunn koum nach eng EMDR Ausbildung am Resilienzinstitut Lëtzebuerg dobäi.

Ze hire Aufgaben am Beruff gehéieren d’psychotherapeutesch Behandlung vun diverse Steierungen, mee och Gruppentherapië fir d’sozial Kompetenzen ze trainéieren.
Villäicht verréit Sie eis och dat een oder anert iwwer hir Aarbecht an der SLP oder FAPSYLUX, bei deenen si säit 2021 Vize-Presidentin respektiv Präsidentin ass. Stay tuned!