ALEP Comité 23-24

De 6. Oktober huet d’ALEP hir all järlech assemblé générale ordinaire an der Uni.lu um Belval ofgehalen. 🏛
No der Begréissung duerch d’Presidentin gouf d› Dagesuerdnung eestëmmeg ugeholl. De Rapport vun den Aktivitéite vun der ALEP gouf presentéiert an de 25. Comité gewielt.🙋‍♀️

Verschidden Aktivitéite goufen hei presentéiert, ënnert anerem ee Réckbléck op d’Studieninformatiounen déi mir uechtert d’Land gehalen hunn, wéi och eis dräi Institutiounsvisitten (SePAS, ESEB, Erzéiungs- a Familljeberodung), d’Soirée Information sur la Psychologie bei der vill SchülerInnen aus Lëtzebuerg mee och Däitschland sech ee Bild iwwert de Beruff vum Psycholog maachen konnten, mee och d’erfollegräich Implementatioun vum LetzMind Projet an SPF (Service de Psychologues en Formation). 🏅

Et goufen och zukünfteg Evenementer virgestallt, wéi d’Studentefoire 2023, déi dëst Joer erëm wäert souwuel op Plaz um Belval wéi och online organiséiert ginn. Zoudem ass eis nei gewielten EFPSA Member Representative Lëtzebuerg beim Joint EB&MR Meeting ze Oslo de 16. – 22. Oktober vertrueden gewierscht. Schliisslech plangt d’ALEP 2024 rëm beim Studentebal matzemaachen, souwéi sech um internationalen Terrain méi ze vernetzen. 🌐

❗Allerdengs siche mir emmer nach Léit déi sech em eise Psycho-Lo bekemmeren, souwéi ee Webmaster an ee Social Media Manager. Bei Interess mell dech enner:  ❗