D’Studentefoire 2022

Och dëst Joer wäert d›ALEP erëm mat engem Stand op der Studentefoire vertruede sinn, déi dëst Joer um Campus Belval am Maison des Arts et EtudiantsGolden Cube») stattfanne wäert. Wann dir interesséiert sidd vu Studenten a Studentinnen déi grad Psycho studéieren, méi iwwert de Studium ze héieren, kommt gären de 27. an 28. Oktober vun 9 – 17 Auer bei eis laanscht! Wann dir iech ewell virdrunner informéiere wëllt, kennt dir gären op https://www.studentefoire.lu/2022 eisen online Stand kucke kommen an eis Broschür duerchbliederen! Aus ekonomesche Grënn wäerte mir des Joer just nach déi Broschüren déi vum lëschte Joer iwwreg gebliwwe sinn ausdeelen. No der Foire hutt dir och ëmmer nach d’Méiglechkeet eis Broschüre op der Internetsäit unzekucken: https://alep.lu/publikatiounen/informatiounsbroschuer-psychologie-studeieren-wat-muss-ech-wessen/

Mir freeën eis op iech!