ALEP Comité 2022-2023

D’ALEP huet een neie Comité!

Den 22ten Oktober huet déi jäerlech Assemblée Générale ordinaire vun der ALEP nees an de Gebailechkeete vun der  Uni um Belval stattfonnt. Nodeems dat vergaangent Joer mat de Rapport’en vu Presidentin, Sekretärin a Tresorier Revue passéiere gelooss gi war, ass d’Decharge vum alen an uschléissend d’Wiel vum neie Comité gemach gi .

Mir freeën eis, Iech heimat de Comité 2022/2023 vun der ALEP ze presentéieren:

– Kim Vasiljevic: Presidentin

– Leila Muhovic: Sekretärin

– Laetitia Ramos Faim: Trésorière & Projektmanagerin „Lëtz Mind“

– Zoe Gaffinet: Redactrice „De Psycho-lo“

– Samantha Hellenbrand: Redactrice „De Psycho-lo“

– Melissa Amaral: Eventmanagerin & Projektmanagerin „Lëtz Mind“

– Claudia Vila Verde: Projektmanagerin „Lëtz Mind“

– Marie Castel: Responsabel Social Media

De Bob Reuter an d’Lisa Ripoll Y Schmitz goufen iwwerdeems op der Generalversammlung als Keesereviseure.s gewielt. Mir soen dem Joe Miller Merci déi läscht puer Joer 2. Keesereviseur gewierscht ze sinn.

Austrëtt EFPSA

Des Weideren gouf an der AG extraordinaire de 31.10.2022 den Austrëtt vun der ALEP aus der EFPSA (European Federation of Psychology Students› Associations) ofgestëmmt. Dat heescht konkret dat d’ALEP net méi Lëtzebuerg respektiv lëtzebuergesch Student*inne an der EFPSA vertrëtt, mir also och net méi bei Decisiounen op europäescher Basis matschwätze bzw. ofstëmmen dierfen an (Comités)Membere souwéi Net-Memberen aus Lëtzebuerg net um järleche Kongress deelhuele kennen.

Falls bei engem d’Interessi besteet a motivéiert ass d’Aufgabe vun der EFPSA ze iwwerhuele bzw. mol als éischt informéiert well ginn, kann sech gäre bis Mäerz bei eis mellen, well do d’Umellunge fir Studentevertriedunge bei der EFPSA fir de neie Mandat lassgeet.