EFPSA Congress: Last chance to register!

Leif Membere vun der ALEP,

D’Umeldung fir d’38. Editioun vum EFPSA Kongress gouf verlängert! Et sinn nach 4 Plaatzen iwwreg!! Dir kennt Iech nach bis dëse Sonnden, de 14. Januar 2024 23h59 bei eis umellen () wann dir den 22. bis 28. Abrëll ze Volos, Griicheland mat dobäi wëllt sinn! D’Thema vum Kongress dëst Joer ass: exploring your emotions through the lens of multiple psychological paths. D’Käschte leie bei 389€ — dovun hues du:

  • Zougang zum komplette wëssenschaftlechen (z.B. Workshops) a gesellschaftleche (z.B. «cultural evening») Programm vum Kongress
  • Ënnerdaach am Hotel Vallis in Volos (6 Iwwernuechtungen MAT Früstück, Mëttes- an Owesiessen) ☀️🌊

 

Den EFPSA-Kongress bitt Psychologiestudent:innen d’Méiglechkeet am Kader vum Studéieren éischt Schrëtt an d’wëssenschaftlech Richtung anzegoen a gläichzäiteg Kontakter um internationalen Terrain ze bannen. Dir kennt eis gleewen dat et ëmmer eng lëschteg Woch gëtt mat ville Student:innen, mee och Psycholog:innen vu ganz ënnerschiddleche Beräicher. 😉

 

Mei Informatioune bzw. Videos vun de leschten Kongresser, fannt dir op dem Instagram: @efpsacongress2024 an @efpsa souwéi op hirer Websitte.

 

PS: D’Kongress a Transportkäschte musse vun iech selwer gedroe ginn. Nemmen ALEP-Memberen kennen sech umellen. D’Samantha a Sophie déi Lëtzebuerg an der EFPSA vertrieden, sinn och um Kongress dobäi. Wann dir iech also onsécher sidd, kennt dir iech och nach virun der Deadline bei Froen un si wenden, bzw. mat hinne kucke wei dir bei de Kongress kommt ().