«De Psycho-lo» heescht eis Zäitschrëft, déi mer all Joer zweemol un eis Membere verschécken an déi Artikelen iwwert eis Aktivitéiten, Aktualitéiten aus der Welt vun der Psychologie an awer och kleng Fachartikele vun eise Memberen enthält.
Wann dir während ärem Studium interessant Aarbechte geschriwwen hut an déi gäre mat aneren interesséierte Psychologiestudenten deelt, oder awer spéiderhin an d’Fuerschung goen an awer scho virdrun an engem méi klenge Kader eppes verëffentlechen wëllt, da schéckt eis gären är Artikelen. Mir probéieren ausserdem och zu all Aarbecht en konstruktiivt Feedback opzestellen, an iech beim wëssenschaftleche Schreiwen ze ënnerstëtzen. Agräift déi Chance a schéckt eis är Aarbecht per E-mail!
Un all Net-Member: wann dir interesséiert sidd ëmmer déi aktuellst Ausgab vum De Psycho Lo als Print Versioun géint ee klengen Oppräis (<10Eur) heem geschéckt ze kréien, mellt Iech hei.
Hei fannt der déi aktuell Versioun vum Psycho-lo (No. 59 – Summer 2022):
https://issuu.com/alep1/docs/psycho-lo_juli_final
Déi nächst Ausgab ass fir Februar 2023 geplangt. Wann s du een Deel dovunner wëlls si schéck eis gären däin Input bis den 1.1.2023 eran, méi dozou hei.
Archiv
Nostalgesch? Dann klickt op déi jeeweileg Foto fir duerch déi al Psycho Lo’s duerchzestöberen. Dir fannt bestëmmt den een oder anere Schatz !