60. Editioun Psycho-Lo: Input gewënscht!

 

Léif ALEP-Memberen a Frënn,

 

Déi 60. Editioun (yay Jubiläum!) vum Psycho-lo steet virun der Dier. Op Member oder Net-Member*, sidd dir all rëm häerzlech wëllkomm, ären Input mat an de Psycho-lo eranzebréngen.

 

Wann dir also äert Wëssen oder Erliefnisser anere Membere matdeele wëllt, kennt dir eis ee flotten Artikel/Essay oder ee Bericht iwwert ee Stage deen dir gemaach hutt, är Master/Bacheloraarbecht (z.B. och just den Abstrakt oder méi elaboréiert a Form vun engem Journalartikel) oder och einfach är Hausaarbecht gäre schécken. Beispillstheme kenne sinn: Erasmus / Global Exchange, äert Liewen am Ausland, flott Restaurants/Cafés déi dir an ärer Unisstad fir Psychos empfeele kennt, witzeg Zitater vu Proffen oder perséinlech Pannen, Gedichter/Lidder/Zeechnungen oder och Buch a Film/ Serie-recommandatiounen. Et muss och net laang oder opwändeg sinn, dat ass ganz no ärem Gefill! Dir kennt et och roueg mat Witz a Spaass oppeppen a Fotoen zoufügen. D’Sprooch ass egal. Dir kennt iech hei och een Abléck doriwwer maache wéi aner Leit et gemaach hunn. 😉

 

Mir freeën eis op all Input deen mir vun iech kréien.

 

Schéck deng Aarbecht bis den 1. Januar ob eng oder déi zwee vun desen E-Mail Adressen:

 




Merci dat dir eis Zeitung um Liewen haalt❤

 

Wann et eppes gëtt, wat dir gären am Psycho Lo gesi wëllt, kennt dir iech geneesou bei de Email Adressen uewe mellen!

 

*Wann dir kee Member sidd an awer Zougang zum Psycho-Lo wëllt hunn, kennt dir iech och gäre mellen a mir schwätzen driwwer wat sech maache léisst. Wann dir selwer eppes schreiwe wëllt, kenne mir iech och eng digital Kopie vum Endproduit zoukomme loossen.

 

Photo from Unsplash