Rapport: Soirée d’Information sur la Psychologie 2018

Den 20. Abrëll 2018 huet erëm eis traditionell Soirée d’Information sur la Psychologie am Haaptsiège vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg stattfonnt. Ganz genau 70 Interessenten (Schüler, Studenten, Elteren an Kollegen) haten sech afonnt fir sech iwwert den Psychologiestudium ze informéieren an eppes iwwert d’Diversitéit vum Beruff vum Psycholog gewuer ze ginn.

Wei gewinnt huet den Owend mat engem kuerzen Speach vum eisem President, dem Sam Bernard ugefaangen, ier dunn den Psycholog Thierry Schuman, als Member vum Direktionscomité vun der BGL BNP Paribas d’Wuert krut.

No dësen Begréissungswierder goung et dunn un d’Presentatiounen vun eisen véier Invitéen. An jeeweils 20-30 minütegen Interventiounen hunn si hir jeeweileg Beruffsfelder an hiren Curriculum virgestallt fir dann um Uschloss un hir Presentatiounen d’Froen vum Public ze beäntwerten.

No den Interventiounen goufen dunn nach an enger klenger Tombola fonkelnei Psychologie-Fachbicher verspillt, déi mer vun eisem Partner, dem Springer Verlag, zur Verfügung gestallt kruten.

Den Owend gouf bei engem Patt an engem gudden Maufel, offréiert vun der BGL BNP Paribas clôturéiert, bei deem d’Participanten d’Geleeënheet kruten, sech mat den Intervenanten an eis als Studentevertrieder iwwert den Studium an den Beruff ze ënnerhalen.

Als Comité vun der ALEP soen mer eisen Intervenanten an natierlech och allen Schüler, Studenten an Elteren en décken Merci, dat se dozou beigedroën hun, dat dëst Event erem en vollen Erfolleg ginn ass.

Falls iech nom Owend nach Froën agefall sollen sinn, oder der keng Geleegenheet krut des den Owend selwer ze stellen, kënnt der eis zu all Moment per E-Mail op d’Adress kontakteieren.

 

(P.S. Alleguer d’Fotoen fannt der an der Rubrik Aktivitéiten-Fotoen -> Soirée d’Information sur la Psychologie)