Verëffentlechung vun ären Aarbechten am Psycho-lo!

Hutt dir wärend ärem Studium interessant Aarbechten geschriwwen, an wëllt déi gären mat aneren interesséierten Psychologiestudenten deelen?

Wëllt dir spéiderhin an d’Fuerschung goen an awer schonn virdrun an engem méi klengen Kader eppes verëffentlechen?

Dann schéckt dach eis ären Artikel! Mir liesen all Artikel duerch an entscheeden eis fir déi bescht Artikelen déi dann verëffentlecht ginn. Ausserdeem gewënnt den beschten Artikel en Buch vun Springer iwwert en spezifescht Psychologie-Thema! Mir probéieren och zu all Aarbecht en konstruktiivt Feedback opzestellen, an iech beim wëssenschaftlechen Schreiwen ze ënnerstëtzen. Agräift déi Chance an schéckt eis är Aarbecht per ">Email! Mir freeën eis ob all Input!