SIP 2022 – Zousätzlech Informatioune

Op der Soirée d’Information wäert dëst Joer och erëm de Springer Verlag flott Bicher sponseren. Bicher gi wärend eiser Tombola verlous wou all Persoun op der Soirée selwer ka matmaachen. Em wei eng Bicher et sech genau handelt verrode mer iech kuerz virun der Soirée. De Springer Verlag well iech zousätzlech hëllefen sou gutt ewéi méiglech sech fir eng Klausur virzebereeden. Hei fannt dir also en Link zu hirem Site fir weider Informatiounen:
———-

Leschte Freide war eis Präsidentin och op Besuch beim Campus Radio vun der Uni.lu. Lauschtert gären era wann dir nach eng kéier eng kuerz Zesummefaassung vum Owend wëllt hunn: https://www.ara.lu/campusradio/episodes/alep/

D’Opnam gëtt och all Dag puer mol am Campus Radio (102.9 and 105.2 FM) bis den 1. Abrëll iwwerdroen.
Mir soe Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA Merci fir des Méiglechkeet.
———
Dëst Joer wäert och erëm d’Librarie Promoculture ee Stand op der Soirée hunn. Bei hinnen hutt dir d’Méiglechkeet eng flott Auswiel vu techneschen a wëssenschaftleche Bicher ze kafen. Méi Informatioune fannt dir op: https://librairiepromoculture.lu/web/qui-sommes-nous/