SIP 2024: Speaker 2

➡️No der Virstellung vum Bachelor op der Uni.lu erzielt eis zweet Speakerin Cindy Amado Ferrao eppes iwwert hir Aarbecht als Neuropsychologin bei der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène mentale.

D’Cindy huet op der Université Libre de Bruxelles den Bachelor an de Master an der Psychologie gemach, an sech am Master op Neuropsychologie et le développement cognitif spezialiseiert.

Ze hirer Aarbecht ziele neuropsychologesch Bilans an d’kognitiv Wiederherstellung am außerklinesche psychatrische Emfeld.

Ee Neuropsycholog ass dofir do, d’kognitiv Fäegkeete vu Persounen ze verbesseren, déi opgrond vu Verletzungen (z.B. Autosaccident), Erkrankunge (z.B. Demenz) oder aner Ursaache kognitiv beanträchtegt gi sinn. Dobäi gi verschidde kognitiv Funktioune wéi Opmierksamkeet, Gediechtnes, Problemleisungs-fäegkeete an exekutiv Funktiounen duerch spezifesch Übunge geziilt gefuerdert. Doduerch soll d’Liewensqualitéit a Selbststännegkeet vu Menschen verbessert ginn.

Du wells och op d’SIP kommen? Dann mell dech ënnert gratis un! 📬