SIP 2024: Speaker 3

Ee weidere interessante Beräich iwwert deen de Sacha Bachim eis erziele wäert ass d’Aarbecht als Beroder bei der CNAPA (Centre National de Prévention des Addictions), déi sech virun allem an der Gesondheetsfërderung a Suchtpreventioun asetzt. Zudeem schafft de Sacha als selbstännege psychologesche Psychotherapeut.

An der CNAPA gehéiert et zum Alldag vum Sacha Sensibiliséierungs- a Preventiounsaarbecht um Niveau vun der Gemeng ze entwéckelen, Aarbechtsgruppen ze koordinéieren, Treffe mat Gemengevertrieder ze organiséieren, ëffentlech Virträg ze halen a Schoulunge fir Fachpersounen am psycho-sozialen an erzéieresche Beräich duerchzefeieren. An sengem private Cabinet bitt hien Eenzel- a Koppelberodungen un.

Fir e puer dierft de Sacha och bekannt si fir säi Buch «Therapie To Go: 100 Psychotherapie Tools für mehr Leichtigkeit im Alltag».

Wann s du Loscht krit hues méi ze erfueren, dierfs du eisen 3. Speaker net verpassen! Du wells och op d’SIP kommen? Dann mell dech ënnert gratis un! 📬