SLP Pecha Kucha Owend

De 12. Oktober war am Kader vun der nationaler Woch vun der psychescher Gesondheet ee Pecha Kucha Owend vun der Société Luxembourgeoise de la Psychologie (SLP) am Kinepolis Kierchbierg organiséiert ginn.

Bei engem Pecha Kucha gi kuerz a knackeg Presentatioune gehalen déi just 6min40 daueren (20 Sekonne x 20 Slides). An dësem Fall hunn Betraffener a Professioneller Präsentatiounen zum Sujet mental Gesondheet gehalen.

D’ALEP war beim Owend och present an huet beim Accueil vun de Gäscht souwéi beim Zerwéiere vum Aperitif gehollef.

Mir soen der SLP Merci dat mir dobäi duerfte sinn!

Hei e puer Impressiounen vum Owend: https://www.facebook.com/reel/643877430508116

Fotoen: PASCAL RECCHIA