Soirée d’Information sur la Psychologie 2023

Du stees kuerz virum Ofschloss vun denger Lycées-Carrière a bass interesséiert, Psychologie studéieren ze goen?

 

Du studéiers well Psychologie a bass interesséiert mei ze erfueren?

 

Du hues Froen iwwert Studium oder d’Beruffsaussiichte vun engem/r Psycholog/in?

 

Dann dierfs de der ALEP hir traditionell Soirée d’Information sur la Psychologie net verpassen, déi dëst Joer den 31. Mäerz ab 19 Auer an der Uni.lu um Campus Belval (Raum 3.110, Gebai Auditoires) stattfanne wäert. D’Event ass a Kooperatioun mam Bachelor of Science in Psychology vun der Uni.lu, déi sech dëst Joer em de Catering bekëmmert.

 

De ganzen Owend iwwer stelle fäerdeg ausgebilte Psycholog/inne souwuel den Opbau vum Bachelor an der Psychologie, wei och de Beruff vum/vun der Psycholog/in am allgemenge fir. Mir verlousen och erem interessant Springer Verlag Bicher bei eiser Tombola. Nom Event hues de dann d’Méiglechkeet mat den Intervenanten an/oder mat eis als ALEP bei engem Patt an engem Snack ze ënnerhalen, an all Froen iwwert de Studium ze stellen, déi der afalen. Och d’Librarie Promoculture waert mat engem flotte Stand mat ausgewielte Fachbicher present sinn.

 

Den Entrée ass gratis an du kanns natierlech och Kolleg/innen oder d’Famill matbréngen. Weider Informatiounen iwwert de Programm fënns de op eisem Facebook Event oder iwwer Email. Mir bieden dech och dech entweder via Facebook oder per mail op unzemellen.
Mir freeën eis op dech!
De Comité vun der ALEP