Mat der ACEL deng zukünfteg Uni kenneléieren!  

Du bass Schüler:in an du wëlls no dengem Lycées-Ofschloss studéiere goen, mee du weess awer nach net wou a wat genau op dech zou kënnt ? Da komm mat op de « Student fir 1 Dag », deen d’ACEL dëst Joer an Zesummenaarbecht mat senge Cerclen, Voyages Emile Weber, Luxair an der Uni.lu organiséiert, a looss dir deng zukünfteg Studentestad an Uni weisen.

De „Student fir 1 Dag» fënnt dëst Joer nees traditionell an der Ouschtervakanz, tëschent dem 1. an dem 14. Abrëll, statt. Dëse gëtt de Schüler:innen d’Méiglechkeet, mam Bus oder mam Fliger an eng vun 23 Studentestied, déi dëst Joer um Programm stinn, ze fueren, a sech vun de Lëtzebuerger Student:innen all hir Froe bezüglech de verschiddene Studiegäng, der Wunnengssich an dem Studenteliewe beäntwerten ze loossen. Moies steet d’Visitt vun den Unisgebaier, vun der Bibliothéik a vun anere wichtege Gebaier vum Campus um Programm. Nodeems sech mat engem Mëttegiesse gestäerkt gouf, geet et weider mat engem Tour duerch d’Stad, fir dës besser kennenzeléieren, éier et dann nees zeréck op Lëtzebuerg geet. De ganzen Dag iwwer stinn d’Lëtzebuerger Student:innen de Schüler:innen zur Verfügung, fir op all hir Froen ze äntweren an hir perséinlech Erfarunge mat de Schüler:innen ze deelen.

Wann s du Loscht hues dir deng zukünfteg Studentestad vu Student:innen weisen ze loossen, da kanns du dech bis zu zwee Schaffdeeg* virun der Rees op eisem Internetsite umellen : www.sf1d.acel.lu.

Programm 2023

  • 01.04 – Stroossbuerg & Fribourg (CH)**
  • 03.04 – Bréissel, Saarbrécken an Innsbruck**
  • 04.04 – Bonn
  • 05.04 – Nanzeg, Zürech a Wien
  • 06.04 – Freiburg a Belval (Uni.lu)
  • 11.04 – Léck, Maastricht a Tréier
  • 12.04 – Oochen a Berlin
  • 13.04 – Köln, Düsseldorf a Kaiserslautern
  • 14.04 – Karlsruhe, Heidelberg, Amsterdam a München
*Dëst gëllt nëmme fir d’Busreesen an d’Reesen op Eegeninitiativ. Bei de Fluchreese kann een sech bis zu 8 Deeg am Viraus umellen.** Hei mussen d’Käschten vum Transport esou wéi och eventuell eng Jugendherberg oder Hotel selwer gedroe ginn. Wéi’s du am einfachsten dohinner kënns, fënns du an de Programmer vun den jeweilegen Cerclen ënner www.sf1d.acel.lu.

Umellung: https://acel.lu/student-fir-1-dag/

Photo from Unsplash