Studenten fir d’Kodéierungen vum PISA-Test 2018 gesicht!

Fir d‘Auswertung vum Haapttest vu PISA 2018 sicht den Ministère de l‘Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse nees Studenten, déi bei de Kodéierungen vun de Schüleräntwerten an der Datenerfassung hëllefen.

Viraussetzungen

  • Student/in, mindestens 1 Joer Studium
  • Studium an de Beräicher Sproochen, Mathematik oder Naturwëssenschaften si vu Virdeel
  • Ganz gudd Sproochekenntnisser an Däitsch a Franséisch
  • Gudd Sproochekenntnisser an Englesch si vu Virdeel
  • sëcheren Ëmgang mam Computer
  • Deelhuelen un enger Probekodéierung

Bezuelung

  • 73,963 Euro pro Dag

All weider  Detailer iwwer Zäitraum an Bewerbung fannt der an dem folgenden Dokument:

-> PISA 2018 Kodeierung.