Studieren probieren

Fir all déi, déi virum Ofschloss vum Lycée sinn a studéiere probéiere wëllen: D’Universitéit Lëtzebuerg huet vum 2. – 4. November Schüler*innen aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun d’Méiglechkeet ginn sech a Course anzeschreiwen an domat een Abléck an d’Studenteliewen ze kréien.
Méi Informatiounen dozou gëtt et hei: https://unialessai.uni.lu/?lang=de

Fir all déi, déi nach am Bachelor sinn, sech ee Karriärswiessel wënschen oder einfach méi iwwert d’Masterprogrammer vun der Uni.lu wësse wëllen: Den 19.11. vun 10-13h huet een d’Méiglechkeet um digitale Master’s Day Presentatioune vun de Responsabelen ze lauschteren an seng Froen ze stellen.
Méi Informatiounen an d’Webex Links: https://mastersday.uni.lu/

Generell kenne mir Léit déi scho studéieren oder nach kuerz virdru stinn an sech net decidéiere kennen, empfeelen sech bei deenen Unien déi an der méi enker Auswiel stinn ëmmer perséinlech ze informéieren (d.h. uruffen, d’Uni ukucke goen a mat Student*inne schwätzen, sech a Course setze goen, sech mat de Studentecercle a Verbendung setzen). Verschidden Unie bidden (sou wei d›Uni.lu och den 18.03.23) Porte Ouvertes un bei deenen een sech d’Uni ukucken an informéiere kann. D’Datumer dozou fannt dir ëmmer op de jeeweilegen Unissäiten.

Allerdéngs kann een och d’Chance notzen an um eemolegen Angebot vun der ACEL deelhuelen, a mat hinnen Dagesreesen an déi verschidden Universitéitsstied maachen. Am Kader vun «Student fir 1 Dag» krit een d’Uni, de Campus, an d’Stad selwer vun de lëtzebuergesche Studenten op der Platz gewisen an erkläert. De Programm, d.h. d’Rees, d’Verfleegung an d’visite guidees, gëtt vun der ACEL mat de respektive Studentecercle opgestallt. Méi Informatioune fannt dir um Site vun der ACEL soubal de Programm fir Ouschteren 2023 steet.

Des Weidere bréngt d’ACEL all Joer och eng aktualiséiert Versioun vum Guide du Futur EtudiantGuide du Futur Diplome eraus, an déi dir och online duerchbliedere kennt!

Links:

https://unialessai.uni.lu/?lang=de

https://mastersday.uni.lu/

https://acel.lu/cercles/

https://acel.lu/publikatiounen/

Photo from Unsplash