Assemblée Générale Ordinaire 2018

Léif Memberen,

D’ALEP freet sech, iech op seng jäerlech Assemblée Générale Ordinaire zu invitéieren, déi dëst Joer de 27. Oktober um 15h00 an der Maison du Savoir um Campus Belval vun der Uni Lëtzebuerg, Sall 4.300 stattfanne wäert.

      -> Den Ordre du Jour vun der AG fannt der hei!

Wann der net selwer un der Generalversammlung deelhuele kënnt, hutt der d’Méiglechkeet, äert Stëmmrecht via Procuratioun op en aanere Member ze iwwerdroen. An deem Kontext hu mer iech hei ënnendrënner e Formular ugehaangen, deen der ausgefëllt an ënnerschriwwen, zesumme mat enger Fotokopie vun der Carte d’identité vun der Persoun, déi iech vertrëtt, entweder per E-mail op schécken musst, oder awer den Dag vun der AG selwer beim Comité ofginn kënnt.

      -> De Formular fir d’Procuratioun fannt der hei!

No der AG luede mer iech dann nach op e Pättchen an e Café um Belval an. De Café wäerte mer zesummen op der AG bestëmmen.


Nei Comitésmemberen gesicht!

Mir weisen dann och nach eng Kéier dorop hin, dat fir de neie Comité nach Leit fir déi folgend Poste gesicht ginn:

  • Vize-Representant bei der EFPSA (Kontaktpersoun fir d‘European Federation of Psychology Students› Associations),
  • Social Media Responsabel (Koordinatioun vu Newsletter a Facebookaktivitéit),
  • Event-Manager (Koordinatioun an Organisatioun vu Visitten an aneren Evenementer),
  • Projet-Manager (Koordinatioun vun enger Rei Projeten, déi mer fir d’nächst Joer geplangt hunn),
  • Journalist fir eis Zäitschrëft «De Psycho-lo».

Mir géifen eis Membere bieden, sech bei Interessi fir ee vun dëse Poste bei eis ze mellen. Eng Kandidatur fir all anere Posten, oder einfach als ënnerstëtzende Comitésmember ouni konkrete Posten ass awer natierlech genau sou wëllkomm.

Wien gären eng Kandidatur fir de neie Comité stellt, soll eis dës bis spéitstens den 24.10.2018 per E-mail un eraschécken. Bei Froen zu de Posten oder der Comitésaarbecht am Allgemengen, kënnt der eis gären ënnert der selwechter Adress kontaktéieren.


Neie Keesereviseur fir den Exercice 2017-2018 genannt

Mir informéieren iech dann nach, dat d’Carmen Schmit aus perséinleche Grënn vu sengem Posten als Keesereviseur fir den Exercice 2017-2018 zréckgetrueden ass. Dës Charge wäert dowéinst vum Bob Reuter iwwerholl ginn. D’Joëlle Hoffmann huet weiderhin de Posten vum zweete Keesereviseur.

Bei Froen, Umierkungen oder Kritiken zu dëser Decisioun kënnt der eis gären kontaktéieren.

 

Mat beschte Gréiss

De Comité vun der ALEP