Rapport: Assemblée Générale ordinaire 2018

De 27. Oktober huet erëm déi jäerlech Assemblée Générale ordinaire vun der ALEP stattfonnt. Nodeems dat vergaangent Joer mat de Rapport’en vu President, Sekretär an Tresorière Revue passéiere gelooss gi war, huet eise Presi, de Sam e klengen Ausbléck op dat neit Joer ginn, ier et dunn em d’Decharge vum alen an uschléissend em d’Wiel vum neie Comité gaangen ass.

Mir freeën eis, iech heimat de Comité 2018/2019 vun der ALEP ze presentéieren:

  • Sam Bernard: President a Responsabel „Relations publiques“
  • Joé Miller: Sekretär a Responsabel „Informatique“
  • Simone Wagener: Tresorière
  • Kitty Ewen: Comitésmember, Chef-Redactrice «De Psycho-lo» a Responsabel „Bourse de stages“
  • Leila Cemalovic: Comitésmember a Resonsabel «Events»
  • Wibke Eickmann: Comitésmember a Member Representative bei der EFPSA
  • Katia Carvalho: Comitésmember a Responsabel „Représentation externe“
  • Naomi Michelis: Comitésmember a Responsabel «Social Media»
  • Cara Ströbel: Comitésmember

De Bob Reuter an de Steve Bernard goufen iwwerdeems als Keesereviseure gewielt.

No der AG hu mer den Dag dunn mat engem gemitterleche Patt op eisem Pub Meeting am Coyote um Belval ausklénge gelooss.

N.B. Eng detailléiert Presentatioun vum neie Comité fannt der hei op eisem Internetsite an an der nächster Editioun vum Psycho-lo, déi am Dezember 2018 erauskënnt.