Infobroschür «Psychologie studéieren – Wat muss ech wëssen?»

Iwwert de Summer huet d’ALEP eng Infobroschür ausgeschafft, déi sech speziell un zukünfteg Psychologiestudente riicht an e sëllechen Informatioune souwuel zu Opbau vum Studium vun der Psychologie am Allgemengen, wéi och zu de Spezifizitéite vum Studium a verschiddene Länner enthält.

Ab der Foire de l’étudiant am November wäerte mer ufänken, d’Broschür systematesch op allen Informatiounsveranstaltungen, wou mer mat engem Stand vertruede sinn, gratis ze verdeelen.

Op eisem Internetsite kënnt der d’Broschür dann och online duerchbliederen:

-> Onlinebroschür

Bei Froen zu der Broschür oder zum Studium kennt der eis natierlech gären per E-mail op kontaktéieren.