Assemblée Générale Ordinaire 2019 – d’ALEP huet en neie Comité!

De 19. Oktober huet déi jäerlech Assemblée Générale ordinaire vun der ALEP nees an de Gebailechkeete vun der Uni um Belval stattfonnt. Nodeems dat vergaangent Joer mat de Rapport’en vu President an Tresorière Revue passéiere gelooss gi war, huet eise scheedende President, de Sam Bernard, e klengen Ausbléck op dat neit Joer ginn ier et dunn em d’Decharge vum alen an uschléissend em d’Wiel vum neie Comité gaangen ass.

Mir freeën eis, iech heimat de Comité 2019/2020 vun der ALEP ze presentéieren:

Simone Wagener: Presidentin
Joé Miller: Vizepresident an Trésorier
Robine Mediavilla: Sekretärin
Lena Ewen: Chef-Redactrice „De Psycho-lo“
Wibke Eickmann: Member Representative bei der EFPSA
Hanna Jager: Vice Member Representative bei der EFPSA
Kim Vasiljevic: Eventmanager a Responsabel „Social Media“
Samuel Braun: Projektmanager „Mind the Mind“
Isabelle Moris: Eventmanager a Projektmanager „Mind the Mind“
Sam Bernard: Webmaster a Responsabel „Représentation externe“

De Bob Reuter an de Steve Bernard goufen iwwerdeems fir d’Generalversammlung 2020 als Keesereviseure gewielt.

No der AG huet de neie Comité dunn mat engem gemitterleche Patt am Coyote um Belval den Owend ausklénge gelooss.