CANCELLED: Soirée d’Information sur la Psychologie

Léif Memberen, Schüler, Elteren a soss Interessenten,

Mat groussem Bedaueren huet de Comité vun der ALEP sech haut dozou entscheede missen, d’Soirée d’Information sur la Psychologie vum 27. Mäerz 2020 ofzesoen. Opgrond vun den aktuellen Oplage vum Gesondheetsministère, an den europawäite Recommandatioune fir de Kampf géint de Coronavirus, si mir zu dem Entschloss komm, dass et net responsabel wier esou e grousst Evenement stattfannen ze loossen.

Mir sinn awer aktuell dobäi, en alternativen Online-Programm op d’Been ze stellen, dee primär iwwert eis Facebookpage an eis Eventpage vun der Soirée d’Information op Facebook wäert oflafen. Mir bieden Iech dowéinst, dës Medien ze abonéieren, sou dass der iwwert d’Entwécklungen um Lafende bleift.

Wann der Froën iwwert de Studium oder de Beruff hutt, kënnt der eis natierlech zu all Moment " target="_blank" rel="noopener noreferrer">per E-mail kontaktéieren.

Merci fir äert Versteesdemech a bleift gesond!

Äre Comité vun der ALEP