Rengvierliesung op der Uni Lëtzebuerg

D’Universitéit Lëtzebuerg organiséiert zesumme mat der SLP eng Virliesungsrei zur Thematik Sucht und Abhängigkeit (vum 17.10. bis 19.12.2019 jeeweils Donneschdes um 17.00 Auer) um Campus Belval.

Sucht an Ofhängegkeet stellen eng grouss Erausfuerderung fir déi psychologesch Fuerschung a Behandlung duer. Agebett an déi nei Fuerschungsprioritéit «Gesondheet» un der Uni Lëtzebuerg, informéieren a beriichten Expert’en iwwert de status quo vu wëssenschaftlecher Fuerschung an therapeutescher Praxis. An dësem Kader ginn eng Rei vu Forme vun Ofhängegkeet, souwéi hier Diagnosen a Behandlunge virgestallt. D’Virtragsrei gräift heimadder héich aktuell a gesellschaftsrelevant Froestellunge vun der Gesondheet op. Ofschléissend vun all Bäitrag gëtt et och jeeweils eng kleng Receptioun. 

All weider Informatiounen kënnt dir dësem Flyer enthuelen.