Assemblée Générale Ordinaire 2019

Léif Memberen,

D’ALEP freet sech, iech op seng jäerlech Assemblée Générale Ordinaire ze invitéieren, déi dëst Joer de 19. Oktober um 18h00 an der Maison du Savoir um Campus Belval vun der Uni Lëtzebuerg, Sall 3.100 stattfanne wäert.

  • Den Ordre du Jour vun der AG fannt der hei.

Wann der net selwer un der Generalversammlung deelhuele kënnt, hutt der d’Méiglechkeet, äert Stëmmrecht via Procuratioun op en aanere Member ze iwwerdroen. An deem Kontext hu mer iech hei ënnendrënner e Formular ugehaangen, deen der ausgefëllt an ënnerschriwwen, zesumme mat enger Fotokopie vun der Carte d’identité vun der Persoun, déi iech vertrëtt, entweder per E-mail schécke musst, oder awer den Dag vun der AG selwer beim Comité ofginn kënnt.

  • De Formular fir d’Procuratioun fannt der hei:

No der AG luede mer iech dann nach op e Pättchen an e Café um Belval an. De Café wäerte mer zesummen op der AG bestëmmen.

Nei Comitésmemberen gesicht!

Mir weisen dann och nach eng Kéier dorop hin, dat fir de neie Comité nach Leit gesicht ginn. Mir géifen eis Membere bieden, sech bei Interessi bei eis ze mellen. Wien gären eng Kandidatur fir de neie Comité stellt, soll eis dës bis spéitstens de 17.10.2019 per E-mail eraschécken. Bei Froen zu de Posten oder der Comitésaarbecht am Allgemengen, kënnt der eis gären ënnert der selwechter Adress kontaktéieren.

Mat beschte Gréiss

De Comité vun der ALEP