«Q&A – Psychotherapie zu Lëtzebuerg» elo online

Keine Fotobeschreibung verfügbar.Iwwert d’Summerpaus hin, huet d’ALEP sech mam Thema vun der Psychotherapie hei am Grand-Duché befaast. Ziel heivunner war et, an Zesummenaarbecht mat Professionellen, fir Studenten op enger Platz d’Informatiounen zur Psychotherapie zesummen ze droen.

Well sech dëst Thema an engem aktive Prozess befënnt, leeë mer vill Wäert dorobber, dës Informatiounen esou aktuell a komplett  wéi méiglech ze halen! Wann s du also Informatiounen an eisem Q&A net fënns, oder awer och nach Saache weess déi mer hei net opgefouert hunn, si mir frou fir all weidere Feedback iwwert E-mail op .

De Q&A fannt dir online ënnert der Rubrik «Student Area» oder klickt einfach HEI.

D’ALEP wëscht vill Spaass beim Liesen!