Rapport: Soirée d’Information sur la Psychologie 2019

Den 29. Mäerz huet erëm eis traditionell Soirée d’Information sur la Psychologie am Haaptsëtz vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg stattfonnt. Eng ronn 120 Schüler, Studenten, Elteren a soss Interesséierter haten sech afonnt fir sech iwwert de Psychologiestudium ze informéieren an eppes iwwert d’Diversitéit vum Beruff vum Psycholog gewuer ze ginn. Den Owend gouf ganz traditionell mat enger kuerzer Ried vum ALEP-President, dem Sam Bernard, ageleet. Och den Här Louis De Looz, Member vum Direktiounscomité a Verantwortleche vun de Ressources Humaines an der BGL BNP Paribas, huet eis Gäscht häerzlech begréisst an hinne vill Erfolleg fir de Studium gewënscht.

Déi éischt Presentatioun huet uschléissend wéi gewinnt de Studiendirekter vum Bachelor of Science an der Psychologie op der Uni Lëtzebuerg, den Här Prof. Dr. André Melzer, gehal. No dësem Abléck an den Opbau vum Studium an der Psychologie huet dunn den Dr. phil. Charles Benoy, Psychotherapeut an der psychiatrescher Unisklinik zu Basel, säi Beruffsfeld virgestallt. Hien huet eis vu sengem Studium zu Lëtzebuerg an zu Fribourg erzielt an eis säi Beruffsalldag als zoustännege Psycholog vun der Abteilung fir stationär Verhalenstherapie am Zentrum fir Psychosomatik a Psychotherapie beschriwwen. Als drëtten Intervenant huet duerno den Här Khashayar Pazooki eis vun der Aarbecht a sengem Institut, dem Group Psylux, erzielt. Hie leed als CEO d’Fuerschung, d’Therapie an d’Aus- a Weiderbildungen a sengem Institut. Seng Expertise läit dobäi ënner anerem an der klinescher Psychotherapie sou wéi an der Neuropsychologie. Den Här Paul Braquet, Aarbechts- an Organisatiounspsycholog, Vizepresident vun der Sociéte Luxembourgeoise de Psychologie an ehemolege Comitésmember vun der ALEP huet ofschléissend säi Beruff virgestallt. Hien ass Human Resource Business Partner am Grupp Encevo a betreit a sengem Alldag déi verschidde Beruffsgruppen an der Entreprise bei Themen déi d’Personalwiese concernéieren, verwalt d’sozial Bezéiungen an och Projeten am Beräich Personalwiesen.

No den Interventioune goufen dunn nach an enger klenger Tombola dräi fonkelnei Psychologie-Fachbicher verloust, déi mer vun eisem Partner, dem Springer Verlag, zur Verfügung gestallt kruten. Bei engem Patt a Schnittercher kruten dunn d’Participante vun der Soirée d’Geleeënheet sech mat den Intervenanten an eis, als Studentevertrieder, iwwert de Studium an de Beruff auszetauschen.

D’ALEP kann houfreg op e gelongenen Owend zeréckblécken a seet an dem Sënn hiren Intervenanten an natierlech och alle Schüler, Studenten an Elteren en décke Merci, dat se dozou bäigedroen hunn, dat dëst Event erëm e vollen Erfolleg ginn ass. Falls iech nom Owend nach Froen agefall sollte sinn, oder der keng Geleeënheet krut des den Owend selwer ze stellen, kënnt der eis zu all Moment per E-Mail op kontaktéieren.

N.B. De komplette Fotoalbum fannt der ënnert dem folgende Link: https://alep.lu/aktiviteiten-fotoen/soiree-dinformation-sur-la-psychologie/