Soirée d’Information sur la Psychologie 2019

29. Mäerz 2019 um 19h00
Siège social vun der BGL BNP Paribas Kirchberg,
50, avenue J-F Kennedy, L-2951 Luxembourg

 D› ALEP invitéiert iech alleguer häerzlech op hir traditionell Soirée d’Information sur la Psychologie, déi dëst Joer den 29. März ab 19:00 Auer am Haaptsiège vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg (50, avenue J-F. Kennedy, L-2951 Luxembourg) stattfënnt. Och fir d’Editioun 2019 konnte mer erëm eng ganz Rëtsch interessant Intervenante gewannen, déi am Laf vum Owend hire psychologesche Fachberäich virstelle wäerten. Den Owend fänkt wéi gewinnt mat enger Presentatioun vum Bachelor en Psychologie op der Uni Lëtzebuerg un, dëst duerch de Studiendirekter Prof. Dr. André Melzer. No de Presentatiounen hutt der dann d’Méiglechkeet, iech mat den Intervenanten an eis iwwert de Beruff an Studium vun der Psychologie ze ënnerhalen, an all Froen ze stellen, déi der schonn ëmmer stelle wollt.

Den Entrée ass gratis an dir kënnt natierlech och Famill, Kolleegen an all aaner interesséiert Persoun op dësen Owend matbréngen. Umelle kënnt der iech op eisem Facebook-Event oder per E-mail op .

Hei dann och den kompletten Programm vum Owend:

Programm:

19h00 – 19h40 : Mot de bienvenue

Mot d’introduction de la part de l’ALEP et de ses partenaires

19h40 – 21h15 : Présentations des intervenants

Monsieur Prof. Dr. André MELZER
Présentation de l’Université du Luxembourg et du Bachelor en psychologie

Monsieur Dr. phil. Charles BENOY
Psychologue spécialisé en psychothérapie et psychologue en charge du service de la thérapie comportementale stationnaire au centre de médecine psychosomatique et de psychothérapie à l’hôpital psychiatrique universitaire de Bâle, Suisse (UPK Basel)

Monsieur Mag. bakk. sci. pth. Khashayar PAZOOKI
Spécialisé en neuropsychologie et sciences de la psychothérapie clinique et Directeur du groupe Psylux S.A. Luxembourg

Monsieur Paul BRAQUET
Psychologue du travail et des organisations / Psychologue sociale au Groupe Encevo

21h15 – fin :    Échange libre entre psychologues, élèves et étudiants ; offre d’informations sur les études en psychologie et la vie étudiante par l’ALEP ; Vin d’honneur et Tombola