SLP Annuaire

Wosst dir schonn, dass eise Partner d’SLP (d’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie), op hierem Internetsite en  Annuaire vun de Psychologen a vun den Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg ageriicht huet?  D’SLP garantéiert dat all do agedroenen Member iwwer déi néideg akademesch Ausbildung verfügt an sech verpflicht huet, den SLP Ethik Code ze respektéieren. D’Aschreiwung an dësen Annuaire kann also als een erkennbare Qualitéitslabel consideréiert ginn!

Link: SLP Annuaire

Zu der Société Luxembourgeoise de Psychologie:

D’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (SLP) ass déi representativst Associatioun vun den diploméierte Psychologen an Psycholog-Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg. Se zielt méi wéi 300 aktiv an assoziéiert Memberen, an as säit 2001 offiziele Member vun der Federatioun vun den europäeschen Psychologenverbänn (European Federation of Psychologists‘ Association-EFPA).