Soirée d’Information sur la Psychologie 2022

Du stees kuerz virum Ofschloss vun denger Lycées-Carrière a bass interesséiert, Psychologie studéieren ze goen ?
Du hues Froen iwwert Studium oder d’Beruffsaussiichte vun engem Psycholog?
Dann dierfs de der ALEP hir traditionell Soirée d’Information sur la Psychologie net verpassen, déi dëst Joer den 1. Abrëll am Haaptsiège vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg stattfanne wäert. De ganzen Owend iwwer stelle fäerdeg ausgebilte Psychologe souwuel den Opbau vum Bachelor an der Psychologie, wei och de Beruff vum Psycholog am allgemenge fir. Nom Event hues de dann d’Méiglechkeet mat den Intervenanten an/oder mat eis als ALEP ze ënnerhalen, an all Froen iwwert de Studium ze stellen, déi der afalen.
Den Entrée ass gratis an du kanns natierlech och Kollegen oder d’Famill matbréngen. Weider Informatiounen iwwert de Programm fënns de op eisem Facebook Event oder iwwer Email. Mir bieden dech och dech entweder via Facebook oder per mail op unzemellen. Mir passen d’Event och den aktuelle Covid Mesuren un.
Mir freeën eis op dech!
De Comité vun der ALEP