Kim Vasiljevic

Author's posts

De Studentebal

Och wann d’ALEP dëst Joer net beim Studentebal vun der ACEL vertrueden ass, wënsche mir alleguerten ee flotten Owend! –> don’t miss the date: Dëse Fréiden op der Wiss nieft dem P+R Bouillon!

ALEP Visitt: Praxis fir Psychech Gesondheet

D’ALEP invitéiert all ALEP Memberen op d’Visitt am PPG – d’Praxis fir psychesch Gesondheet ze Ettelbréck vum 16. Juli ab 16 Auer. D’Visitt ass geplangt a Presenz stattzefannen an d’Participantszuel ass op 15 limitéiert – maacht iech also séier bäi! Hei krit dir déi eemoleg Méiglechkeet mat erfuere selbstännege BeroderInne a TherapeutInne ze schwätzen a …

Continue reading

SIP 2022 – Tombola

Och des d’Joer huet eis de Springer Verlag mat flotte Psycho-Bicher verwinnt, déi dir op der Soirée gewanne kennt! Et wäert sou oflafen, dat jiddereen een Tombola Lous am Ufank vun der Soirée krit, an um Schluss 3 glécklech Gewënner gezu wäerte ginn, déi sech ee vun de Bicher aussiche kennen.

SIP Speaker 4: Pascal Recchia

Last but not least erzielt eis de Pascal Recchia eppes iwwert säin Alldag bei der POST, bei der en säit 2009 als Aarbechtspsycholog täteg ass. Ze sengen Aufgabe gehéiert et Interventiounen duerchféieren a professionell a vertraulech Hëllef ubidden ze kennen, mam Zil, psychosozial Risike präventiv virzebeien, psychesch Gesondheet ze erhalen an d’Aarbechtsbedingungen vun de Mataarbechter …

Continue reading

SIP Speaker 3: Xavier Krein

Och een interessante klinesche Beräich an der Psycho ass d’Aarbecht mat Jugendlechen déi Strofdote begaangen hunn a dunn vum Gericht an de CSEE placéiert ginn. D’CSEE ass wéi den Numm scho seet eng sozialpedagogescht Zentrum, bei dem d’Zil ass, Jugendlecher erëm op ee riichte Wee ze bréngen an an een net-delinquenten Alldag ze reintegréieren. Wann …

Continue reading

SIP Speaker 2: Catherine Richard

No der Virstellung vum Bachelor op der Uni.lu erzielt eis eisen zweete Speaker, d’Catherine Richard, eppes iwwert hir Aarbecht als selbststänneg Psychotherapeutin am Centre de Psychothérapie Bereldange vun dem si Grënnerin (2020) a Geschäftsféierin ass. Nodeems si hire Bachelor 2010 op der Uni.lu ofgeschloss hott (mat engem kuerzen Erasmus ze Berlin), huet si weider de …

Continue reading